Max Pesch
![](https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/52/2023/02/Maxpesch_Bech.jpg)
- Bech
- Fréiere Gemengerot zu Iechternach
- 35 Joer
- Schoulmeeschter
Bech bedeit Liewensqualitéit am Häerze vum Mëllerdall. Et ass wichteg, als Gemeng kloer Zukunftsvisiounen ze hunn an dës an engem positiven Dialog mat de Bierger*innen an de lokale Betriber ze kommunizéieren a weider z’entwéckelen. Eng geziilte Klimapolitik, nohalteg Mobilitéit souwéi intelligent Kooperatioune mat de Nopeschgemenge sollen am Mëttelpunkt stoen, fir e friddlecht Zesummeliewen a Chancegläichheet ze stäerken.